De Schäffen- an Gemengerot vun der Gemeng Pëtschent invitéiert Iech op d'Presentatioun vun hirem Projet

 

 

 

 

Éischt Hëllef

bei Häerzstëllstand

 

den 4 Oktober 2018 um 19h30 zu Weller am Festsall


 

Projet «Éischt Hëllef bei Häerzstëllstand»

Op Initiativ vum Christian Junk, Conseiller aus der Pëtschter Gemeng, huet den Gemengerot sech vill Gedanken iwwert d' Secherheet an d' Éischt Hëllef vun eisen Bierger gemaach, a wëll Iech duerch dësen Artikel iwwert den Projet AED Défibrillator an dem First Responder informéieren a forméieren.

Wat kann een maachen bei engem Mënsch mat Verdacht ob Häerzkreeslafstëllstand? Bei Verdacht ob Häerzkreeslafstëllstand muss Hëllef ganz séier kommen!

Duerch eis géographesch Lag ass et net ëmmer einfach, schnell a professionell Éischt Hëllef op Platz ze kréien, denke mer do un déi weit Distanzen, schlecht Wiederkonditiounen, Baustellen, Stauen asw. Do vergeet des Öfteren alt mol gären méi wéi eng hallef Stonn, an déi Zäit hun mir bei engem Häerzkreeslafstëllstand net!

Doropshin ass iwwerluecht gin, wéi eng Méiglechkeeten Pëtschter Gemeng sech kéint gin fir den Zäitintervall tëschent dem Fannen vun enger betraffener Persoun, dem Alarméieren an dem Antreffen vun den Rettungsdéngschter ze verbesseren an sou kleng wéi méiglech ze halen.

Séier ass d'Iddi vum AED Défibrillator an dem First Responder opkomm. Fir awer do vun Ufank un de richtegen Wee anzeschloen, hun mir eis extern Hëllef vun kompetenten Fachleit mat bei geholl.

An enger Aarbechtssëtzung hun mir zesummen mam Dokter Wagner, médecin anesthésiste-réanimateur/Samu aus dem CHdN (Centre Hospitalier du Nord), eisem Regionalinspekter Charel Zanter an dem Kommandant vun den Weller Pompjeeën dem Albert Schaul, folgenden Avant-Projet ausgeschafft.

Bei dëser Aarbechtssëtzung ass folgendes festgehalen gin:

Et huet sech schnell erausgestallt dat et net nëmmen duer geet fir an all Duerf aus eiser Gemeng een AED Défibrillator ze installéieren, mee et virun allem drop ukënnt den Leit aus der Gemeng eng spezifesch Formatioun iwwert d'Häerzmassage unzebidden.

Fir eng gudd an effikass Éischt Hëllef ze garantéieren, sou dat eng Persoun e maximum un Chancen huet, fir ouni gréisseren Schued gerett ze gin, brauche mir 3 grouss Séilen déi aneneen gräifen: 

  • Häerzmassage

Wann d'Häerz net méi schléit muss als éischt eng Häerzmassage gemaach gin. Dat musse mir all léieren, och déi, déi dat schons emol gesin hun, well do gëtt et munch Neies. Hei wëlle mir Formatiounen ubidden an Är Mataarbecht ass do onbedéngt néideg.

  • Hëllef iwwert de First Responder

Eis Gemeng well mathëllefen d'Disponibilitéit vun engem First Responder ze organiséieren. Och do brauche mir Är Mataarbecht!

Engagéiert Iech fir een Éischt Hëllefs-Cour

  • AED Défibrillatoren ob wichtege Platzen an eiser Gemeng installéieren

Wou soll esou een Apparat hikommen? Sidd Dir bereet un enger Informatiounsversammlung deel ze huelen? Och hei geet et net ouni Iech!

 

!! Nëmmen eng gutt Uwendung Häerzmassage - First Responder- AED Défibrillator kann zu engem uerdentleche Resultat féieren !!

 

Weider Informatiounen op dësem Informatiounsowend sinn zum Beispill:

 

·        Wat sinn Zieler vun engem First Responder

·        Wat sinn d'Stäerkten vum First Responder

·        Wat ass een AED Défibrillator?

·        Firwat brauchen mir een AED Défibrillator?

·        Ass et schwéier mat engem AED ëmzegoen?

 

Wann dir méi iwwert dësen Projet wëllt wëssen, sidd dir häerzlech op eis Informatiounsversammlung invitéiert, dei den 4. Oktober um 19h30 zu Weller am Sall stattfënnt.

Non
Non