Accueil path_arrow path_arrow
 
Société de Gymnastique Housen
Léif Leit,


Mir sinn d'Société de Gymnastique Housen. Bei eis si Kanner ageschriwwen, déi déi sougenannten „Gymnastique Générale“ praktizéieren.
Dorënner versteet een souwuel Buedemturnen wéi och Geräteturnen (Barren, Puter, Trampolin)
Geräteturnen, och Konschtturnen genannt, ass eng olympesch Eenzel- an Mannschafts-disziplin. Duerch d’Geräte-turnen gi virun allem koordinativ an konditionnell Talent, awer och Courage, Wëllensqualitéit, Selbstbeherrschung a Selbstvertrauen entwéckelt a gefördert.
Fir d’Kanner ass et ganz wichteg, datt si sech kënne bewegen. Et ass ee groussen Ausgläich zur Schoul a fördert d’Konzentratioun, déi souwuel am Turnsport wéi och beim Léieren gefroot ass. Mee virun allem hu si vill Freed dobäi.

Haut gëllt d’Turnen als eng dynamesch Sportart mat villen akrobatëschen Elementer.

An eiser Sektioun Loisirs bidde mir Fitness un mat Elementer aus Aerobic, Body-Shape, Pilates, Kickboxing, Zumba, a.s.w.

Kommt äis Equipen besichen a kuckt Iech all Infoen an News op eisem Site www.sghousen.com un.

Mir freeën äis op Iech.

Ären SG HOUSEN
Imprimer
© Administration Communale de Putscheid