Association Luxembourg Alzheimer (ALA)

Méi wéi 30 Joer Erfahrung am Beräich vun der Demenz
D’Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer – kuerz ala – ass e Berodungs-, Begleedungs- a Fleegenetz, dat op d’Betreiung vu Mënsche mat Demenz spezialiséiert ass. Op nationalem an internationalem Niveau setze mir eis an fir d’Bedierfnesser vu Mënschen, déi mat enger Demenz liewen a fir hir Familljememberen.
D’ala gouf 1987 vu Familljemembere vu Leit mat enger Demenz gegrënnt. Ronn dräi Joerzéngte méi spéit, kënne mir op e bedeitenden Erfahrungsschatz zeréckblécken. Haut wéi gëschter ass d’Bestriewe vun der ala, d’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Mënsche mat Demenz an hire Familljememberen.
Déngschter vun der ala:
ala plus, Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem:
Bouneweg, Esch/Uelzecht, Ierpeldeng un der Sauer, Wëntger, Mondorf
•
6 Dagesfoyeren:
Bouneweg, Diddeleng, Dol, Dummeldeng, Esch/Uelzecht, Rëmeleng
•
1 Wunn- a Fleegeheem zu Ierpeldeng un der Sauer
•
Sozial- a Koordinatiounsdéngscht
•
Psychologeschen an ergotherapeuteschen Déngscht
•
Ethikcomité
•
Berodung bei der Upassung vun der Wunneng
•
Formatiounen a Weiderbildung fir Familljen a Professioneller
•
Alzheimer Café
•
Helpline (24 Stonnen/24) Tel. 26 432 432
•
Selbsthëllefgruppen
Publikatiounen:
ala plus 2019.pdf
Alzheimer Café 2019.pdf
Annonces ala plus DE FR DEF.pdf
Annonces Servicer ala LU A4.pdf
Cours fir betraffe Familljen 2019.pdf
Ethikcomité 2019.pdf
Flyer Ambulant Servicer.pdf
Flyer Erpeldange.pdf
Flyer Familljekrees 2019.pdf
Helpline 2019.pdf
Selbsthilfegruppe 2019.pdf